Diploméirten Erzéier (w/m/x) - Wunnstruktur (Haus Amitié) zu Mondorf

APEMH Hébergement et Services A.S.B.L.· EURES· publicada em 16/07/2026

Een Diploméirten Erzéier (w/m/x) - Wunnstruktur (Haus Amitié) zu Mondorf

D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Wunnstruktur (Haus Amitié) zu Mondorf, een Diploméirten Erzéier (w/m/x), fir een CDI, 20 Stonnen/Woch - fir ab dem 01/09/2026 oder no Ofsprooch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Responsabilitéiten

Betreiung an Fleege vun erwuessene Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung.

Obligatoresch Ufuerderungen

D'Kandidate sollen:

Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom an vun enger "Autorisation d'exercer" sinn Beruffserfarung hunn Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen Eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen De Führerschäin Klass B hunn

Wënschenswäert Ufuerderungen

Beruffserfarung an der Aarbecht mat Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel

Mir bidden

attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung