Artisan polyvalent (M/W/NB) – Service Technique (Nord/Westen)

arcus Kanner, Jugend a Famill A.S.B.L.EURESpublished 09/24/2026

Description de tâches:

Mir siche fir de Service Hausmeeschteren am Raum Nord/Westen een Artisan polyvalent (M/W/NB) mat 40 Stonnen/Woch am CDI. De Service Hausmeeschter ass eng dynamesch, flexibel a multidisziplinär Equipe. Déi ronn 10 Handwierker an Techniker si fir Entretienen, Reparaturen an Ëmbauaarbechten an iwwer 100 Strukturen am sozialen, edukativen a pedagogesche Beräich zoustänneg.

Deng Aufgaben:

Entretiens- a Reparaturaarbechte vu Gebaier op verschidde Platzen Plënneraarbechten a Montage vu Miwwelen Maintenance vun de Gäert Richteg benotze vu verschiddene Baumaterialien

Däi Profil:

Een DAP am Beräich vum Handwierk, oder passend Qualifikatiounen Erfarung an der Ënnerhalung a Reparature vu Gebaier a Fäegkeet mat verschiddene Materialien ze schaffen Kierperlech fit a belaaschtbar an Spaass u physesch an usprochsvoll Tätegkeeten Handwierklech begaabt a staarken Teamgeescht Flexibel an autonom schaffen Valabelen Autosführerschäin Kennt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen

Wat dech erwaart:

Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld