Erzéier (w/m/x) - Service SAS Antenne Ost

APEMH Hébergement et Services A.S.B.L.· EURES· published 06/15/2026

een graduéierten Erzéier (w/m/x) - Service SAS Antenne Ost

D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hire Service SAS zu Jonglénster ee graduéierten Erzéier (w/m/x) fir een CDD fir - 30 Stonnen/Woch ab dem 01.09.2026 oder no Ofsprooch a bis den 30.06.2027.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, …).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

RESPONSABILITÉITEN

  • Ambulant Begleedung vun Erwuessene mat enger intellektueller Beanträchtegung.
  • Berodung an Hëllefsstellung am Alldag ubidden.
  • Suivi à domicile am Kader vum autonome Wunne garantéieren.

OBLIGATORESCH UFUERDERUNGEN

D'Kandidate sollen:

  • am Besetz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
  • iwwert Beruffserfarung verfügen
  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • eegestänneg an organiséiert schaffe kennen
  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
  • de Führerschäin Klass B hunn

WëNSCHENSWÄERT UFUERDERUNGEN

Erfarung an der Aarbecht zesumme mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.