Diploméierten Erzéier (w/m/d) - Wunnstruktur Haus Solidaritéit

APEMH Hébergement et Services A.S.B.L.· EURES· offentliggjort 05.07.2026

Fir eis Wunnstruktur siche mir en engagéierten an motivéierten Erzeier / Erzeierin, fir een CDI 40 Stonnen/Woch, deen seng Erfahrung am pädagischen Bereich mat Menschen mat enger intelektuellen Beanträchtigung aktiv abréngen wëll. Am Mëttelpunkt vun eiser Arbecht stinn eis Wäerter, wéi Personliséirung , Selbstbestëmmung an Inklusion déi fir hir Liewensqualitéit stinn. D' Fleeg vun der physischer an psychischer Gesondheet sinn en Deel vum Aufgabenberäich. Gëff Deel vun enger multidisziplinärer Equipe an schaff mat eis zesummen en doheem andeem Zesummenhalt an Wertschätzung groussgeschriwwen ginn. Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, Autorisation d'exercer ...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Responsabilitéiten:

Betreiung am Gesondheetsberäich vun Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung.

Obligatoresch Ufuerderungen:

D'Kandidate sollen:

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
  • Beruffserfarung hunn
  • Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
  • de Führerschäin Klass B hunn

Mir bidden:

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.